I’m on a seafood diet. Every time I see food, I eat it.

Tapas: Albondigas con tomate – Buletten mat Tomatenzoos

Albondigas

Hei ass mäin éischte Rezept Post. Ech sinn iwwert d’Iessen ganz zefridden, iwwert d’Fotoen dovu manner, mee ech wäert nach experimentéieren an ausprobéiere wéi et besser kéint goen. Mäi Mann ass jo Fotograf, mee wéi ass d’Sprachwuert? Les cordonniers sont les plus mal chaussés…

Wat brauch ech fir +/- 20 Bulletten?

  • 500 g Gehacktes 
  • 300 ml Tomatencoulis (ech kafen ëmmer dee vun 365 Delhaize)
  • 1 Ee
  • 2 Zéiwe Knuewelek (kleng geschnidden)
  • 1 Ënn (a Kübe geschnidden)
  • 1 Bond Koriander (kleng gehackt)
  • 3 EL Broutgrimmelen
  • 3 EL Miel
  • 1 EL Olivenueleg
  • Salz / Peffer / Paprikapudder

Wat muss ech maachen?

1. Plastik Händschen undoen, eng Schossel huelen a folgend Wueren dran maachen (an net fäerten d’Fleesch duerch ze knieden)  Gehacktes ,Ee, 1 Zéif Knuewelek, Koriander, Salz, Peffer. Zum Schluss d’Broutgrimmelen dobäi maachen an nach eemol gutt knieden.

2. Kleng Bullette formen, ech benotze fir d’Mooss ëmmer meng kleng Glassenzaang fir Bullen ze maachen, sou ginn se all gläich grouss. Wann d’Bullette geformt sinn, nach an d’Miel rullen an se op eng Plack fir de Schäffche leen dei mat Backpapeier beluecht ass.

3. Bulletten op 200 °C am Schäffchen of der Heissluft mat Grill Stuf 15 Minutte  goe loossen. No 15 Minutte mussen se ëmgedréint ginn an nach weider 15 Minutte goen.

Dertëscht kënne mir d’Zooss kachen.

4. Olivenueleg an en Kasseroll schëdden, Ënnen dra brode bis se duerchsichteg ginn, 1 Zéif Knuewelek dobäi maachen,  Tomatencoulis dra schëdden, mat Peffer, Salz a Paprikapudder würtzen a gutt 35 Minutten op klenger Flam kächele loossen. Ech hat och bëssi Cremant dobäi gemaach. Wisou? Well ech es grad gedronk hunn an ech sinn e Mënsch dee gär deelt.

Leave a Reply