Blummekabes?! Dat Wuert gëtt et dach net!

choux9

Choufleurs Räis, “Räis” mat wéineg Kalorien. Eng gutt Beilag!

Wat brauch ech fir 1 Schossel? (2 Portiounen pro Persoun)

  • +/- 127 Kalorien pro Persoun
    • 200 g  Choufleur 50 kcal
    • 100 g Ierbessen 67 kcal
    • 4 Frësch Ënnen 23 kcal (dir kënnt och eng drëschen Ënn benotzen)
    • 100 ml Tomatecoulis (dir kënnt och Konzentrat huelen)
    • 2 TL Olivenueleg 90 kcal
    • 1 Zéif Knuewelek, kleng gepresst
    • 2 – 3 TL Mexikanescht Gewürz
    • bëssi Zitrounejus 

Prinzip vun der Diät kann een hei noliese.

choux1

Wat muss ech maachen?

  1. Choufleur raspelen.

choux2

2a. Näischt fale loossen soss kritt de Loco alles z’iessen an dann bleift näischt méi um Teller.

choux3

2b. Ueleg an d’Paan an op Maximum stellen.

choux4

3. Knuewelek, Ënnen, Iessen, Tomatencoulis, Gewürz a Choufleur an d’Pan. 5-10 Minutte goe loossen an zum Schluss nach Zitroun dra maachen. Voilà, sou easy ass et! Top Bäilag gezaubert. Mir hunn dobäi gefëllten Zucchini mat Falaffel am Schäffchen giess, war lecker gutt. De Loco krut näischt! (Krocketten kruten awer!)

choux5

choux7

choux8

Leave a Reply