5/2 Diät: Tëntefësch versus Zucchini a Spaghetti

Gudde gewënscht!

Wat brauch ech fir 1 Portioun?

Versioun 1: +/- 200 Kalorien ouni Spaghetti mee duebel esou vill Zucchini
Versioun 2: +/- 350 Kalorien wann een et mat Spaghetti an Zucchini mëscht
  • 150 g Tëntefësch (seiche op franséisch) 100 kcal
  • 150 g Zucchini 22 kcal
  • Spaghetti 50 g (optional) 175 kcal
  • 1 Limette, de Zest an de Jus
  • 1 TL Olivenueleg 45 kcal
  • 1 Zéif Knuewelek, kleng gepresst
  • Salz, Peffer, Chilliflocken

Prinzip vun der Diät kann een hei noliese.

Deemno wat ee Mëttes giess huet kann een sech déi éischt oder déi zweet Versioun kachen. Ech hunn déi zweet gewielt, well och wann et wéineg Spaghetti schéngen, sinn et der genuch fir gutt sat ze ginn.

Frësch vum Moart!
Frësch vum Moart!

Wat muss ech maachen?

1. Spaghetti kachen wéi um Pak drop steet.

2. Zucchini mam Spaghetti Schäler schneiden, sou dat ganz dënn Lamellen entstinn an optesch de richtegen Spaghetti gläichen. Opgepasst, wann s de bis d’Kären gesäis vun der Courgette, da muss de ophale mat schielen, well deen Deel ze wässeresch ass fir eis “Spaghetti”. Mat Salz, Peffer a Chilliflocke würtzen.

Spaghetti Schäler
Spaghetti Schäler
Zucchini Spaghetti
Zucchini “Spaghetti”

3. Tëntefësch schneiden, Knuewelek, Limette (Zeste + Jus), Olivenueleg, salzen, pefferen a gutt vermëschen.

Calamari gutt würtzen!
Tëntefësch gutt würtzen!

4. Tëntefëschmëschung an eng waarm Pan geheien an 2 Minutte goe loossen, Zucchini “Spaghetti” 1 Minutt dobäi maachen, richteg Spaghetti och dra vermëschen. An nach kuerz brutzele loossen.

Net ze laang goe lossen, soss gi se zéih
Net ze laang goe lossen, soss gi se zéih

Et voilà alles schéin an eng Schossel a scho kanns de gesond, gutt a mat wéineg Kalorien iessen.

Portioun fir 2 Persounen

Follow my blog with Bloglovin

Leave a Reply